Themen fir den Debat iwwert d’Wirtschaft ze beräicheren 2018

Ons Memberen

Ons Memberen2018-05-07T20:14:14+00:00

D’Union des Entreprises Luxembourgeoises regruppéiert folgend Organisatiounen a Beruffskummeren :

Bei der Lëtzebuerger Bankevereenegung (Association des Banques et Banquiers, Luxembourg − ABBL) handelt et sech ëm den eelsten a gréisste Beruffsverband am Finanzsecteur; déi 1939 gegrënnten ABBL vertrëtt d’Majoritéit vun de Finanzinstituter, vun de reguléierte Finanzintermediairen a vun den anere Professionellen, déi zu Lëtzebuerg niddergelooss sinn, inklusiv de Juristen, Beroder an Auditeuren, déi am oder fir de Finanzsecteur schaffen.

D’Associatioun vun den Assurance- a Réassurance-Gesellschaften (Association des Compagnies d’Assurances et de Réassurances − ACA) ass eng Struktur, där hir Missioun dora besteet, déi berufflech Interêten ze schützen an ze developpéieren, Problemer, déi fir hir Membere relevant sinn, ze ënnersichen an d’Servicer, déi dem Public ugebuede ginn, ze verbesseren.

D’ACA versicht, e permanente Kontakt tëschent den Assurance-Gesellschaften hierzestellen, sou dass sämtlech Froen, déi fir hir Aktivitéiten eventuell relevant sinn, méi einfach ënnersicht kënne ginn. Zu hiren Ziler gehéiert et och, sech mat legislative Froen, mat Froen am Zesummenhank mam Contentieux, mat administrativen, techneschen, kommerziellen, finanziellen, sozialen a steierleche Froen auserneenzesetzen, déi fir de Beruff relevant sinn.

Bei der Handelskummer (Chambre de Commerce) handelt et sech ëm eng Beruffschamber an en Etablissement public, wou d’Entreprisen aus sämtleche Wirtschaftssecteuren – mat Ausnam vum Handwierk an der Landwirtschaft – regroupéiert sinn; d’Handelskummer gesäit hir Raison d’être an hir Roll am Verdeedege vun den Interête vun de Lëtzebuerger Entreprisen, déi zu hir gehéieren. Vu dass d’Entreprisen, déi zur Handelskummer gehéieren, ganz verschidde sinn an oft ganz ënnerschiddlech sektoriell Interêten hunn, gesäit d’Handelskummer hir Missioun primär am Artikuléieren, am Vertrieden an am Verdeedege vun den Interête vun allen Entreprisen, déi zu hir gehéieren – an dat an engem Geescht vu Fairness vis-à-vis vun hire Memberen. D’Handelskummer kann sech och fir sektoriell Interêten asetzen, virausgesat, dass dëst den Interête vun all hire Memberen net schuet. Am Moment huet d’Handelskummer méi wéi 90.000 Memberen, déi 75% vun all de Salariéë beschäftegen an 80% vum PIB ausmaachen. Vu dass d’Cotisatioune vun hire Memberen déi haaptsächlech Ressource vun der Handelskummer ausmaachen, ass si finanziell onofhängeg.

Bei der Handwierkschamber (Chambre des Métiers) handelt et sech em eng Beruffschamber, där hir Haaptziler d’Vertrieden an d’Verdeedege vun den Interête vum Lëtzebuerger Handwierk sinn. Si ass déi institutionell Stëmm vun de ronn 7.300 Entreprisen, déi am Alimentatiounssecteur aktiv sinn, am Secteur Moud, Gesondheet an Hygiène, am Secteur vun der Mécanique, am Secteur Bauen, Réibau a Parachèvement, am Secteur Konstruktioun an techneschen Equipement an am Secteur Kommunikatioun, Multimedia, Konscht a verschidden handwierklech Aktivitéiten. An dëse Secteuren si méi wéi 91.000 Leit beschäftegt; am Moment ginn do ronn 1.700 Léierbouwen a -meedercher ausgebilt. D’Handwierk ass e wichtege Secteur vun der nationaler Ekonomie, mat 22% vun der Zuel vun Entreprisen an 23% vun der Gesamtbeschäftegung. Et handelt sech domat ëm dee gréissten Employeur zu Lëtzebuerg an dee gréissten Ausbildungsbetrib.

D’Lëtzebuerger Handelsconfederatioun (confédération luxembourgeoise du commerce − clc) ass eng Patronatsorganisatioun fir d’Privatentreprisen am Zentrum vun der Ekonomie an der Geschicht vum Land. Si vertrëtt Federatiounen a selbststänneg Entreprisen aus dem Handels-, Transport- an Déngschtleeschtungssecteur, déi zu Lëtzebuerg niddergelooss sinn; heizou gehéieren 11.000 Entreprisen, déi méi wéi 22% vum PIB ausmaachen a 60.000 Salariéë beschäftegen.

D’clc ass e Representatiounsorgan vis-à-vis vun den Decideuren an den ëffentlechen Autoritéiten. Si ass en Acteur vum Sozialdialog, well se vill Mandater an allen Domainer vum Alldag vun den Entreprisen ausüübt a sech dobäi fir gemeinsam a spezifesch Interêten asetzt. Si ënnerhält privilegiéiert Kontakter mat der Geschäftswelt a fënnt praktikabel an individuell zougeschnidde Léisungen; domat ass d’clc e privilegiéierte Beroder.

D’Handwierkerfederatioun (Fédération des Artisans) ass d’Daachorganisatioun vum Lëtzebuerger Handwierk an ëmfaasst ronn 40 Beruffsverbänn. Zesumme mat hire Membere leet si déi allgemeng Politik vum Handwierk fest, dat si souwuel bei hire Membere wéi och an der Ëffentlechkeet fërdere soll.

D’Handwierkerfederatioun informéiert a beréit, si këmmert sech ëm d’Sekretariatsaarbecht vun de Member-Beruffsorganisatiounen, vertrëtt d’Handwierk a Gremien an Institutiounen an hëlleft de Memberfederatioune beim Aushandele vu Kollektivverträg.

www.fda.lu

D’FEDIL ass eng multisektoriell Federatioun vun Entreprisen, déi den Industriesecteur, de Bausecteur an de Secteur vun de Servicer fir Entreprise vertrëtt.

Hiert Haaptzil ass et, sech fir déi professionell Interête vun hire Memberen anzesetzen a sämtlech ekonomesch, sozial an industriell Froen ze analyséieren, déi domat zesummenhänken.

Déi National Federatioun vun den Hotelieren, Restaurateuren a Cafetiere vum Grand-Duché (Fédération Nationale des Hôteliers, Restaurateurs et Cafetiers − Horesca) ass den offiziellen Interlocuteur vis-à-vis vun alle staatlechen, politeschen, administrativen a privaten Instanzen, wann et drëm geet, d’Interête vun den HoReCa-Branchen ze verdeedegen. Si vertrëtt ronn 2.900 Entreprisen, déi zu Lëtzebuerg niddergelooss sinn, vum klengste Café bis zum gréissten Hotel.

Nieft dëser Representatiounsaarbecht hëlleft d’Horesca hire Memberen dobäi, Problemer am Zesummenhank mat hirer Aktivitéit ze léisen, a gëtt hinnen Dokumenter a Renseignementer, déi néideg sinn, fir hire Commerce effikass ze organiséieren.