Themen fir den Debat iwwert d’Wirtschaft ze beräicheren 2018

Wie si mir?

Wie si mir?2018-07-18T03:47:11+00:00

D’UEL, d’Unioun vun de Lëtzebuerger Entreprisen, vertrëtt d’Lëtzebuerger Entreprisen aus dem Privatsecteur mat Ausnam vum primäre Secteur a regroupéiert d’Beruffskummeren an d’Employeursfederatiounen aus dem Grand-Duché. Well hir Memberen 80 % vun den Aarbechtsplaze bereetstellen a 85 % vum PIB produzéieren, wëllt d’UEL d’Entreprise an hir Enjeuen an de Mëttelpunkt vun der Lëtzebuerger Gesellschaft stellen. D’UEL setzt sech fir eng nohalteg an erfollegräich Ekonomie fir d’Land, seng Awunner an déi, déi hei schaffen, an. Si schafft fir eng Ekonomie, déi fir Investisseuren an Talenter attraktiv ass.

Fir hir Missioun ze erfëllen, animéiert d’UEL Aarbechtsgruppen an Echangë mat hire Memberorganisatiounen iwwer déi grouss interprofessionell Sujeten. Sou presentéiert si den ëffentlechen Autoritéiten an de Sozialpartner gemeinsam Positiounen zu dësen Themen, déi se uschléissend zesummen diskutéiere kënnen.

D’Initiativen, déi d’UEL entwéckelt, baséieren op de Wäerter vu sozialer Maartwirtschaft, nohalteger Entwécklung, Betribsethik, gudder Gouvernance a Concertatioun.

2007 huet d’UEL den INDR, den Institut National pour le Développement durable et la Responsabilité sociale des entreprises, d.h. den Nationalen Institut fir Nohalteg Entwécklung a Sozial Verantwortung vun den Entreprisen, gegrënnt; d’Aufgab vun dësem Institut ass et, bei den nationalen Entreprisen d’sozial Responsabilitéit vun den Entreprisen (responsabilité sociale des entreprises − RSE) ze fërderen, fir datt se zur nohalteger Entwécklung bäidroen.